RedLions op der #RoadtoEurovolley

4 offiziell Matcher hunn d'Rout Léiwen am August am Kader vun der EM-Qualifikatioun gespillt. Dobäi hunn si 3 mol missen eng Defaite astiechen hunn 1 mol gewonnen an huelen 3 Punkten mat an den zweeten Deel vun der Qualifikatioun den Ufank Januar 2019 gespillt gëtt. Hiert Zil sech fir d'Endronn ze qualifizéieren ass zwar wäit ewechgeréckelt me reng reschnerech awer nach ëmmer méiglech.

Eischte Punkt géint den Aserbaidschan

Am éischte Match huet FLVB Selektioun missen d' Iwwerleeënhet vum grousse Favoritt an der Pool G, Griichenland, missen unerkennen a verléieren 0:3 am Süden. Bäim éischten Heemmatch wollte si et besser maachen. Vill Nervositéit huet de Lëtzebuerger d' Liewe schwéier gemaach an de Géigner - Aserbaidschan - opgebaut. Zu kengem Ament konnten Braas a Co hier Beschtleeschtung ofruffen. E puer clever Wiessel vum Coach Dieter Scholl (van Landeghem fri Gajin a Funk fir Braas) hunn d' Lëtzebuerger nees erubruecht an um Enn konnten si trotz der 2:3 Defaite den éischte Punkt an der Qualifikatioun verbuchen.

A Schweden ass et nach net duergaang

Spiller ewéi Staff wore sech awer eens datt do nach Loft no uewe wier an esou hunn si sech weider a Schweden gemaach. Mat voller Motivatioun sinn si den éischte Saz ugaang a konnten dësen dann och 25-23 gewannen. Domatt hate si d' Skandinavier awer aus dem Schlof erwächt a virun allem hiere Superstar Nilsson huet bäi de Schweden Verantwortung iwwerholl a seng Coéquipiers'en zur héchstleeschtung gepusht. D'Lëtzebuerger woren dunn net méi couragéiert genuch an esou haten si an dësem Match näischt mi zegutt. (1:3)

Zäit fir Revanche

Nëmmen 3 Deg drop haten d' Rout Léiwen d'Chance fir sech nees rëmzekafen. Sollt hinnen dëst an den éischten 2 Sätz nach net geléngen esou hunn si mam Réck zur Mauer all Bremsen op der Säit gelooss an endlech gewisen wat si kënnen. Op beandrockend Manéier konnte si de Match zu hire Gonschten dréinen an um Enn mat 3:2 déi éischt Victoire an dëser Campagne feieren. Elo dierfen Spiller eng kuerz Paus maachen , dann an hiere jeweilege Championnater op Punktejuegt goen fir sech am Dezember (Novotelcup) respektiv am Januar nees zesummenzefannen an do weiderzemaachen wou si opgehal hunn.

letzvolley logo black